Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Review vun der Woch: Inzest - Collateral Damage (7/10)

Et gëtt jo mëttlerweil eng weider Inzestband vum Inzesthaff um Bricherhaff. A wéi der wahrscheinlech wësst, heescht dës och nach Inzest. Hir éischt Stécker, déi si virun enger Zäitchen erausbruecht haten, hat ech Iech jo well virgestallt, muer (9.2.) kënnt dann endlech den Debutalbum vun der Band eraus. "Collateral Damage" heescht en, an ech hu mir en dierfen am Virfeld ulauschteren.

Wéi erwaart, a wéi jo och well mat den zwou Singlen héieren, spillt de Quartett zimlech schnörkellosen, kalen a straight forwarde Black Metal vun der aler Schoul.

Woubäi schnörkellos och net 100 Prozent richteg ass, mee dat gëtt engem eréischt spéider bewosst, wann ee sech méi intensiv mam Album beschäftegt, an dann z. B. mierkt, dass op der eng oder anerer Plaz awer den een oder anere Fill, Riff oder Harmonie verstoppt ass, deen engem beim éischte Lauschteren net opgefall ass.

Am Géigesaz zu ville moderne Black Metal Bands, déi an der Tëscht op eng massiv Produktioun sëtzen, ass den Debutalbum vun Inzest ee kompletten Do it yourself Projet. Alles gouf am Proufraum um Bricherhaff opgeholl a vum Marc Fröhling gemixt a gemastert, dee relativ vill als Live-Mëscher ënnerwee ass an och déi zwee Heaven's Scum Albume gemaach huet. Ma wien dem Marc seng Aarbecht bësse kennt, dee weess, dass dat net heescht, dass alles wéi aus der Bécks kléngt. Sou héiert een zwar wuel, dass et eng DIY Produktioun ass, ma dat gëtt dësem Genre vu Musek genau dee richtege Bëss a raue Charme, deen e brauch.

Alles an allem ass Collateral Damage en Album, dee virun allem Old School Black Metal Fans dierft gefalen, ma natierlech ass och all anere wëllkomm, wann Inzest hiren Debut muer den Owend an der Remelénger Stuff virstellen.

Playlist

Mötley Crüe - Kickstart My Heart

Tyr - Sunset Shore

Eluveitie - Ategnatos

Korpiklaani - Kaljaa

Devil Master - Black Flame Candle

Arrival Of Autumn - The Endless

Inzest - Collateral Damage

Rage Of Light - Fallen

Anthem - Black Empire

Children Of Bodom - This Road

Fusion Bomb - Nyctophobia

Dreadnought - Vanitas


Episoden