Kultur
Literatur(en) made in Luxemburg
All Stil, all Sprooch, all Temperament konnten d'Visiteure vun der 9. Editioun vu "Literatur(en) made in Luxemburg" dëst Joer op Vältesdag an der Escher Kulturfabrik erëm eng Kéier erliewen a genéissen. Susanne Jaspers, Jeff Schinker, Tom Reisen, Elise Schmit, Gast Groeber a Christiane Kremer hu fir de literareschen Deel gesuergt, an de Remo Cavallini huet mat senger Blues-Gittar fir de musikalesche Kader. Eng Manifestatioun an Zesummenaarbecht mam Nationale Literaturarchiv. Eng Zesummefaasung vun der Valerija Berdi.