arrow_back_ios
Kultur
Theodoor Van Loon am MNHA
Den Theodoor Van Loon huet an Italien dem Michelangelo Merisi Da Caravaggio seng deemools revolutionär Aarbecht kennegeléiert. Hien huet dunn d'Elementer vun dësem Molstil a senger Heemecht opgegraff a war doduerch zu Liefzäiten ee ganz gefrote Kënschtler. De Claude Faber war sech d'Wierker ukucken an huet sech mat der wëssenschaftlecher Curatrice vun der Ausstellung, der Sabine Van Sprang, an dem Direkter vum Nationalmusée, dem Michel Polver, iwwer den exzeptionelle Kënschtler ënnerhalen.