arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Carrière an homeopatheschen Dosen
Näischt am Äifer ass der Sopranistin Anja Harteros hir Devis. All Engagementer, all Repertoire gëtt sech gutt iwwerluecht. Net méi laang iwwerleeë muss d'Sängerin allerdéngs, wann de Gustavo Gimeno, de Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, sech bei hir mellt. Béid Museker schaffe schonn iwwer Joren zesummen. Muer (15.2.2019) ass d'Anja Harteros erëm fir e Concert mam OPL an der Philharmonie.