arrow_back_ios
Kultur
Points-of-View am Ratskeller vum Cercle Cité
POV Shot (Point-Of-View Shot) ass e Begrëff aus der Filmbranche. Et ass eng cinematographesch Technique, déi de Spektateur am Film invitéiert, de Bléck vum Protagonist unzehuelen. Déi zwee Kënschtler proposéieren an der Ausstellung am Ratskeller eng Immersioun a Raum an Zäit mat ganz ënnerschiddleche Mëttel an hire ganz perséinleche Bléckwénkel. De Claude Faber hat d'Geleeënheet, sech mat den zwee jonke Kënschtler an der Commissairin Anouk Wies iwwer déi ausgestallte Wierker ze ënnerhalen.