arrow_back_ios
Aktuelles
Nei Subventioune fir erneierbar Energien
Den Undeel un erneierbaren Energien am gesamte Konsum läit aktuell zu Lëtzebuerg bei 6,4 Prozent. D'Zil ass et bis 2020 11 Prozent ze erreechen. An deem Sënn solle Wand a Solaranlage massiv ausgebaut ginn. Iwwer Reglement grand-ducal ginn nei Moossnamen ergraff fir d'Photovoltaik kënnen ze fërderen. D'Carole Schimmer mat Detailer.