Panorama
Panorama
De Brexit war een Thema haut bei der Entrevue tëscht dem Xavier Bettel an der Angela Merkel zu Berlin. Thema muer mam spuenesche Premier kéinten déi méiglech Neiwahle sinn. De Pedro Sanchez huet haut nämlech de Budgets-Vott verluer.
De President vun der "American Chamber of Commerce in Luxembourg" weist an engem Schreiwes d'Kritik géint hien am Lëtzebuerger Journal vu sech.
Wéinst engem Generalstreik an der Belsch géifen haut keng direkt Zich vu Lëtzebuerg op Bréissel fueren. Dat huet d'CFL eis op Nofro hi gesot.
Zu Biissen huet sech eng Biergerinitiativ géint de geplangte Google Datenzenter gegrënnt.
Zwee fréier Mataarbechter vum syresche Geheimdéngscht goufen an Däitschland festgeholl. Dat wéinst Verdacht op Verbrieche géint d'Mënschlechkeet.
An d'Filmer vum Luxembourg City Filmfestival ginn neierdéngs och Mëttes am Kino gewisen.