Radioen

On air

Ligne 2  |  Spezial 90er Hiphop/RnB - 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Fusion Bomb - Concrete Jungle

Fusion Bomb - Concrete Jungle

Review vun der Woch: Fusion Bomb - Concrete Jungle (11/10)


D'lescht Woch huet déi jonk Thrash Metal Band Fusion Bomb hiren Debutalbum Concrete Jungle erausbruecht an d'Release op engem Concert am voll gefëllte Rockhal Floor gefeiert. An dësen Album huet et och verdéngt, kräfteg gefeiert ze ginn.. Den Album ass ganz einfach een Thrash Meeschterwierk, op deem sech d'Band am Verglach zu hirer scho gudder Debut EP Pravda nach emol ëm op mannst 2 Niveaue verbessert hunn, esouwuel a Punkto Songwriting, wéi och a Punkto Ausféierung.


D'Gittaren, déi op Pravda zwar scho cool waren, sinn e gudde Krack méi wëll ginn. Wa se op Pravda nach vill méi am Mid-Tempo ënnerwee waren, spruddele se op Concrete Jungle nëmme sou vun Energie, déi ee matrappt.




An awer gëtt et nach genuch mid-tempo Deeler an de Groove geet deemno och net verluer, grad esou wéi d'Melodie, déi virun allem an de fulminante Soloen d'Haaptbühn kritt.


D'Batterie, op där sech de Scott och immens verbessert huet, ass richteg tight, an och de Bass huet um Album seng Roll fonnt, esou dassmat dësen Elementer eng ganz zollitt Basis fir d'Lidder geluecht gin ass.


E gudde Krack verbessert huet sech och de Sänger Miguel. D'Kritik a Punkto Gesang op Pravda, nämlech dass ee quasi kee Wuert versteet, schéngt sech de Sänger zu Häerze geholl ze hunn; dat ass op Concrete Jungle nämlech netméi de Fall. Dobäi kënnt, dass de Gesang och méi divers ginn ass; e fänkt einfach méi mat senger Stëmm un, wéi virdrun.


Fusion Bomb hu sech mat hirem Debut definitiv eng Plaz an der internationaler Metal Zeen verdéngt; a mat de richtege Kontakter zur richteger Zäit wäert et hinne bestëmmt geléngen, vill mat hirer Musek ënnerwee ze sinn.


Playlist


Sepultura - Dead Embryonic Cells


Cellar Darling - The Spell


Dream Theatre - Fall Into The Light


Downfall Of Gaia - Of Withering Violet Leaves


Polar - Midnight


Employed To Serve - Force Fed


Fusion Bomb - Slam Tornado


Fallujah - Ultraviolet


Forever Still - Rew1nd


Behemoth - Havohej Pantocrator


At The Gates - The Night Eternal

Episoden