Aktuelles
"Déi lescht Etapp vun engem laange Marathon"
De fréiere PWC-Mataarbechter Raphaël Halet, ee vun den Haaptprotagonisten aus dem Luxleaks-Prozess ass zefridden: fir hie steet elo - wéi hie selwer seet - "déi lescht Etapp an engem laange Justiz-Marathon" un. De Mënscherechtsgeriichtshaff zu Stroossbuerg hat e Méindeg schonn seng Requête géint Lëtzebuerg als recevabel erkläert. D'Riichter zu Stroossbuerg wäerten deemno tranchéieren, ob d'Veruerteelung vum Raphaël Halet am Mäerz 2017 ee Verstouss géint den Artikel 10 vun der Mënscherechtskonventioun duerstellt - dat heescht, ob et ee Verstouss géint Meenungsfräiheet ass. De Raphaël Halet rechent domat, datt d'CEDH fréistens d'nächst Joer een Urteel schwätzt. Fir hien ass et schonn ee Succès, datt Stroossbuerg seng Requête ugeholl huet. D'Christiane Kleer huet mat him geschwat.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)