arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng nei Erausfuerderung
De Benedikt Fohr, fréiere Manager vum OPL an Directeur artistique vum Iechternacher Festival, hat 2006 d'Aufgab iwwerholl, d'Radiosorchestere vu Saarbrécken a vu Kaiserslautern ze fusionéieren. No 12 Joer heescht et fir de Manager Mission accomplie. Vum Abrëll u steet hien an der Responsabilitéit beim Hongkong Philharmonic Orchestra - een neit Ëmfeld, an dem déi klassesch Musek richteg boomt.