Klassik aktuell
Eng wichteg Etapp an der Carrière
Am Alter vun 19 Joer gouf d'Hélène Boulègue als zweet Flüttistin am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg nominéiert. Antëscht huet d'Musekerin eng international Carrière gemaach an de prestigiéise Concours vu Kobe gewonnen. Virun engem Joer huet d'Hélène Boulègue eng nei Erausfuerderung als Soloflütt beim SWR-Symphonieorchester gesicht, wou si aktuell an der Proufzäit ass. Zanter haut (8.2.) huet si eng weider Etapp op hirem Parcours realiséiert: d'Publikatioun vun hirem éischten CD mat Wierker vum André Jolivet.