arrow_back_ios
Kultur
Trace vum Mansfeldschlass am Nationalarchiv
Am Kulturjoer 2007 gouf am Nationalmusée eng Expo iwwer de Pierre-Ernest de Mansfeld gewisen. Déi eenzel Kapitel ware seng Originnen, seng militäresch Aktivitéiten, d'Konstruktioun vu sengem Schlass a Clausen, seng Bedeitung als Konschtsammler. 2016 huet sech d'Asbl vun den Amis du Château de Mansfeld gegrënnt, dee Moment mat fënnef Memberen. 2019 sinn et der schonn iwwer 150 an déi invitéiere bis Abrëll 2019 op d'Ausstellung "Mansfeld-Schlass, un château disparu?" an d'Nationalarchiv. D'Kerstin Thalau war kucken.