Panorama
Panorama
De Brexit wäert am fixéierten Delai stattfannen, dat huet déi britesch Premierministesch Theresa May haut zu Bréissel betount: d'EU a London wëlle weider verhandelen, fir awer nach eng Léisung am Konflikt ronderëm den EU-Austrëtt ze fannen.
De gemeinsame Militärfliger vun der Belsch a Lëtzebuerg soll d'nächst Joer geliwwert ginn.
Keng weider Erklärunge ronderëm d'Demissioun vum Fonds du Logement-Direkter Eric Rosin haut an der zoustänneger Chamberkommissioun.
De Stolproduzent Arcelor Mittal huet zejoert e Netto-Benefice vu ronn 5 Milliarden US-Dollar gemaach - dat si gutt 13 Prozent méi, wéi d'Joer virdrun.
Ouverture vun der 69. Berlinale an der däitscher Haaptstad
Britesch Schrëftstellerin Rosamunde Pilcher ass am Alter vu 94 Joer gestuerwen.
Stater Cinemathéik ab e Méindeg nees op fir de Public, nodeems si wéinst Bettwanzen zougemaach gi war.