arrow_back_ios
Klassik aktuell
D'Galgenlieder vum Christian Morgenstern
Bei de "Galgenlieder" vum Christian Morgenstern geet et net ëm e makabert Thema, wéi een aus dem Titel spekuléiere kéint. Et si Gedichter mat Humor a Witz, déi sech beipsillweis fir e pädagogesche Projet gutt eegenen. De Samschdeg 9. Februar um 8 Auer owes proposéiert den Escher Conservatoire eng Virstellung vun dëse "Galgenlieder" vum Christian Morgenstern. Dat Ganzt encadréiert mat Musek.
De Manuel Ribeiro huet mam Jean-Paul Maes, Professer fir däitsch Diktioun, geschwat.