Klassik aktuell
"Ich mache mittlerweile genauso viel Klassik wie Fernsehen."
Als Moderator beim KiKA ass de Juri Tetzlaff Millioune vu Kanner a mëttlerweil Erwuessenen e Begrëff. Wat der vill net wëssen: Nieft senger Aarbecht beim Fernseh, engagéiert hie sech ëmmer méi an der klassescher Musek. Dës Woch ass de Juri Tetzlaff zu Lëtzebuerg an der Philharmonie, wou hien e Samschdeg (09.02.2019) e Familljeconcert moderéiert. Um Programm steet dem Antonín Dvořák seng 9. Sinfonie "Aus der neier Welt".
De Luc Boentges huet sech mam Juri Tetzlaff getraff, fir méi iwwer d'Roll vun der klassescher Musek a sengem Liewe gewuer ze ginn.