arrow_back_ios
Aktuelles
Brexit: nei Aarbechtsplazen an nei Finanzinstituter fir Lëtzebuerg
Wéinst dem Brexit schaffen eng 80 Entreprisen aus dem Finanzsecteur un enger "Lëtzebuerger Solutioun": dat seet d'Promotiouns-Agence Luxembourg for Finance. Bal 50 Acteuren hätte schonn deklaréiert, datt si mat Aktivitéiten aus Groussbritannien an de Grand-Duché kommen, huet den LFF-Direkter Nicolas Mackel confirméiert.
D'Gréisstenuerdnung vun 3.000 Aarbechtsplazen, déi bannen zwee Joer am Secteur kéinte geschaaft ginn, wier nach ëmmer aktuell.
De Serge Kesseler informéiert.