arrow_back_ios
Aktuelles
Bilan Immigratiounspolitik 2018
D'Opfankstrukture fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg si voll, 50 Prozent vun de Leit, déi dra wunnen hunn de Flüchtlingsstatut, a Lëtzebuerg schéckt weiderhi Refugiéen an Italien zeréck, dat war de Constat gëschter vum Ausseminister. De Jean Asselborn hat der zoustänneger Chamberkommissioun an duerno der Press, de Bilan 2018 presentéiert vun der Immigratiouns- an Asylpolitik. D'Mick Entringer mat Hannergrënn.