arrow_back_ios
Aktuelles
Jugendaarmut
Enger Eurostat Etüd no riskéieren hei am Land ronn ee Fënneftel vun den 18 bis 24 Järegen déi schaffen, an d'Aarmut ze falen. Ursaache wieren ënner anerem d'Logementspräisser oder prekär Aarbechtskontrakter, menge Vertrieder vun der Caritas a vum roude Kräiz. Betraff kéinten hirer Meenung no souwuel vill, wéi wéineg qualifizéiert Leit sinn.