arrow_back_ios
Aktuelles
Immobiliemaart: En Dram fir Investisseuren?
Immobilië ginn als Investissement dacks als méi sécher ugesi wéi zum Beispill Obligatiounen oder Aktien. An dat besonnesch elo, an Zäite vu Brexit, Handelskonflikter an anere geopoliteschen Onsécherheeten. Wéi attraktiv ass an deem Kontext de Lëtzebuerger Immobiliemaart fir Investisseuren? De Pierre Reyland huet bei enger vun de gréissten Immobilien-Entreprisen nogefrot.