Blue Note
Pit a Pol - The Return
No enger klenger Paus hanner dem Mikro vun dëser Jazz-Emissioun sinn de Pit Dahm an de Pol Belardi voller Feier zeréck! Mat am Gepäck hu si eng Rëtsch fäin ausgewielte Lidder aus deene leschte Joren, déi eppes gemeinsam hunn: si treffen den Zant vun der Zäit. D'Musek ka sech nëmmen entwéckelen, wann d'Interprete sech eppes trauen, Grenzen erweideren, Stiler mëschen, aus der Këscht eraus denken. Mee ass dat dann nach Jazz? Eng Fro, déi ee sou dacks héiert an déi endlos Diskussioune ka lancéieren ... mee och eng, déi ee séier soll ausblennen a sech méi der Musek u sech, déi een héiert, widmen. Jacob Mann, BADBADNOTGOOD, Grandbrothers, Ambrose Akinmusire ...fir nëmmen e puer Nimm ze nennen. Sitt gespaant op eng voll Stonn opreegend Musek.