Aktuelles
Marc Spautz: eege Mataarbechter fir d'Deputéierten
Net nëmmen d'Chamber an déi verschidde Fraktioune solle personell verstäerkt ginn, mee och déi verschidden Deputéierter sollen eege Mataarbechter zur Verfügung gestallt kréie fir hir Aarbecht méi professionell kënnen ze maachen: dat fuerdert de Marc Spautz.
Eng vun deene gréissten Erausfuerderunge an der Chamber wier d'Aarbecht fir d'Ëmsetzung vun ëmmer méi europäeschen Direktiven an nationaalt Recht, huet den CSV-Deputéierte a fréiere Parteipresident am 100,7-Interview erkläert. De Serge Kesseler huet mam Marc Spautz geschwat.