Panorama
Panorama
D'Start-Up "ISpace" - an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Fuerschungsinstitut LIST - wéilt d'nächst Joer op de Mound fléien. Dat huet de Wirtschaftsminister de Mëtteg confirméiert.
Zwee Lëtzebuerger wieren no engem Groussasaz wéinst engem Sprengstoffalarm zu Igel, hei vir an Däitschland, virleefeg festgeholl ginn. Dat schreift d'Lëtzebuerger Wort op hirem Internetsite.
D'Handelskammer ass géint d'Aféiere vun engem zousätzleche legale Congésdag an engem 11. Feiderdag.
D'Europa-Parlament erkennt de Juan Guaido als legitimen Interims-President vum Venezuela un.
D'EU-Kommissioun geheit aacht Banke vir, sech Phaseweis tëscht 2007 an 2012 eenz ginn ze sinn, fir Konkurrenz um Obligatioune-Marché an der Eurozon ze fälschen.
D'Douane am Uganda huet ronn 750 Elefante-Stousszänn am Wäert vun e puer Milliounen Euro saiséiert.