Kultur
De Cloclo, eng franséisch Vedette
Et war e Schock, et war kollektiv Trauer, et war awer och d'Gebuertsstonn vun engem Mythos. Den 11 Mäerz 1978 gouf op bal alle franzéichen Teelvisiounchaînen an Radiosstatiounen de Programm ënnerbrach, mat der traureger Nouvelle: De Claude François ass doud, a mat him ass deemols ee vun den populärste franséiche Chansonnier an Entertainer verschwonnen. Mä de Cloclo ass nach ëmmer präsent, seng Musek gëtt nach ëmmer an Discoen oder Familljefester gespillt, a jidderee kann d'Lidder mat sangen. De 1 Februar 1939 ass de Claude François op d'Welt komm, e géif haut 80 Joer kréien.