arrow_back_ios
Kultur
The Day the Music died
Den 3 Februar 1959, moar sinn et 60 Joer hir war ee schwarzen Dag fir d'Musekwelt a besonnech fir de Rock'n'Roll. Bei engem Fligeraccident sinn 3 vun de bekannteste Museker vun där Zäit mateneen ëm Liewen komm: Den Buddy Holly, de Ritchie Valens an den "The Big Bopper". D'Museker waren deemols um Zenith vun hirer Karriär, an "Winter Dance Party Tour" sollt en Héichpunkt fir déi 3 sinn, ma den 3 Februar 1959 ass awer fir si "The Day the music died" ginn. Eng musikalesch Erënnerung mam Jean Claude Majerus.