41 Millioune Kanner liewe weltwäit an engem Land, an deem et Konflikter gëtt, esou d'UNICEF an engem Rapport. De Kanner géif et u propperem Waasser, genuch z'iessen an och un Educatioun feelen. Fir dat z'änneren, bräicht een am ganzen 3,9 Milliarden Dollar, seet d'Kannerhëllefsorganisatioun. Dësen héije Montant géif dohier kommen, datt een d'lescht Joer nëmmen d'Halschent vun de Sue kritt hätt déi ee gebraucht hätt an datt et nach ni esou vill Konflikter gi wier, wéi de Moment. Wat d'Situatioun nach méi schwiereg géif maachen, wier datt een dacks bei der Hëllefsaarbecht behënnert géif ginn. De Pit Walté mat méi Detailer.
arrow_back_ios
Aktuelles
41 Millioune Kanner liewen an engem Konfliktland
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
