arrow_back_ios
Kultur
De "Rooftop Concert" huet Rockgeschicht geschriwwen
Den 30 Januar 1969 wäerte der wuel vill iwwerrascht gekuckt a gelauschtert hunn, wou se Musek vun de Beatles um Dach vum Apple Records Building an der Savile Row am Londoner Quartier Mayfair héieren hunn. Et waren d'Beatles déi bei battere Keelt uewen um Dach gespillt hunn, e Gig deen als "Rooftop Concert" an d'Geschicht vun der Rockmusek agaangen ass. A virun allem och definitiv dee leschte Concert vun de "Fab Four" war. An de "Rooftop Concert" vun de Liverpooler Jongen, et ass bal net ze gleewen, war haut viru 50 Joer.