Kultur
Schockela mat batterem Nogeschmaach
Mir si jo matten dran an enger Zäit, an där Schockela nawell e ganz gefroten Artikel ass. Abee hei dann och e Buchtipp, deen an Richtung Schockela geet, awer kee séisse Schockela, mee éischter batteren. "Bittere Schokolade" ass den Titel vum Tom Hillenbrand sengem neiste kulinaresche Krimi, ewell schonn déi sechste Kéier, datt de Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer manner a senger Kichen aktiv ass, mee dofir méi op der Sich no Mäerder a Skandaler aus der Liewensmëttelbranche, an dës Kéier ass et eben um Schockela. De Jean Claude Majerus huet "Bittere Schokolade", erauskomm am Kiepenheuer und Witsch-Verlag, gelies.