arrow_back_ios
Kultur
Liewen an der Isolatioun
Bei "Breaking the Waves" kënnt engem als éischt wuel dem Cinéast Lars von Trier säi Film aus dem Joer 1996 mat an der Haaptroll der Emily Watson an de Kapp. E Film deen nawell en etlech Präisser gewonnen, wéi ënner anerem dem Grand Prix du Jury um Filmfestival vu Cannes. Et gëtt awer och eng Thetaerversioun vun dësem Ausnamefilm, an déi ass vun e Freideg un am Studio vum groussen Theater ze gesinn.