arrow_back_ios
Kultur
100. Anniversaire vum Armand "Toto" Mergen
Viru genee 100 Joer, also den 29. Januar 1919 ass den Armand Mergen, genannt "Toto", zu Hiefenech op d'Welt komm. No éischte Liewensjoeren a Frankräich, huet e seng Schoulen zu Lëtzebuerg gemaach. No der Première huet en zu Bréissel an zu Innsbruck Medezin an Droit studéiert. Den Armand Mergen war nom Krich a bis 1957 als Affekot zu Lëtzebuerg aktiv, hat duerno awer bis 1984 eng Professur fir Kriminologie op der Mainzer Uni. D'Kerstin Thalau iwwert den éischte lëtzebuerger Kriminolog.