arrow_back_ios
Aktuelles
NOYB - ONG fir Dateschutz
NOYB ass eng ONG mat Sëtz an Éisterräich, déi sech als Zil gesat huet, déi digital Rechter vu Persounen a Vereenegungen a ganz Europa ze schützen a juristesch géint Violatioun virzegoen. Déi éischt Konsequenzen vun der Aarbecht vun NOYB huet den Internet-Ries Google virun enger Woch ze spiere kritt. An noer Zukunft wäert och déi lëtzebuergesch Dateschutzkommissoun wéinst der Aarbecht vun NOYB aktiv ginn.