arrow_back_ios
Kultur
en neit "Neuschwanstein"
Wat huet Neuschwanstein, wat aner Schlässer net hunn? All Joer passéieren circa 1,5 Millioune Mënschen op dëser Buerg. Ass et d'Faszinatioun fir hire Bauhär, de Ludwig den ll., de sougenannte "Märchenkönig von Bayern", ass et säi mysteriéisen Doud...? Et ass scho versicht ginn, de Flux op aner, manner besicht Objeten ze déviéieren; mee dat huet net funktionéiert. Mëttlerweil konnt eng gréisser Neuschwanstein-Renovatioun einfach net weider opgeschuppt ginn. Explicatioune Kerstin Thalau.