Aktuelles
CSV-President: Frank Engel oder Serge Wilmes?
Suite dëse Samschdeg bei der CSV vun der Personal-Erneierung: op hirem Nationalkongress zu Mutfert wielt d'Oppositiounspartei een neien Nationalcomité. Wahlberechtegt si bis zu 700 Delegéierter.
Mam Frank Engel a Serge Wilmes ginn et zwee Kandidate fir de Poste vum CSV-Parteipresident fir déi nächst zwee Joer. De Félix Eischen ass den eenzege Kandidat fir de Poste vum Generalsekretär.
Am Virfeld vum Kongress hat d'CSV an de véier Bezierker Hearingen organiséiert fir een Austausch mat de Kandidaten.
D'Kandidatinne fir déi béid Poste vum CSV-Vizepresident sinn d'Elisabeth Margue an d'Stéphanie Weydert.