arrow_back_ios
Kultur
Weltpremière vun "Dau" zu Paräis
24. Januar 2019, et ass esouwäit: um 15 Auer soll de Filmprojet "Dau" vum russesche Cinéast Ilya Khrzhanovsky zu Paräis Weltpremière feieren. An zwar direkt op 3 Plazen: am Théâtre du Châtelet, am Théâtre de la Ville an am Centre Pompidou. Zanter 2004 lafen d'Preparatioune fir de groussen Dag, d'Projet-Käschte vun iwwer 10 Milliounen Euro dréit eleng de russeschen Entrepreneur Sergey Adoniew. Explicatioune Kerstin Thalau.