arrow_back_ios
Aktuelles
Drogekonsumraum Norden
D'Ettelbrécker Gemeng gëtt net gezwongen, en Drogekonsumraum opzemaachen - dat krut de Schäfferot vun den zoustännege Ministere verséchert. Eng Etude vun der Jugend- an Drogenhëllef soll d'éischt méi Informatiounen iwwert d'Besoinen am Norden liwweren. Elo schonn ass awer kloer, datt d'Acteuren um Terrain d'Situatioun anescht aschätze wéi déi Ettelbrécker Gemengeresponsabel. D'Fanny Kinsch huet mat hinne geschwat.