arrow_back_ios
Kultur
Fotojournalismus zu Lëtzebuerg
Fir d'New York Times schaffen aktuell eng 150, zum Deel weltbekannt, Fotografen. D'Aarbechte vu 5 vun hinnen ginn am Cercle Cité ënnert dem Titel "Hard Truths" ausgestallt. Bei dësen haarde Wourechten handelt et sech ëm sougenannt Foto-Feature-Storien, déi iwwert e méi laangen Zäitraum am Venezuela, op de Philippinen, a Krichsregiounen entstane sinn. Wéi gesäit de Fotojournalismus zu Lëtzebuerg aus? Doriwwer ass leschte Méinden am Cercle Cité diskutéiert ginn. D'Kerstin Thalau faasst zesummen.