arrow_back_ios
Aktuelles
Sozialdialog: Theorie a Praxis
All Betrib hei am Land mat méi wéi 15 Salariéen muss eng Personaldelegatioun hunn. Hir Aufgab ass et, fir d'Interesse vun de Salariéen a Saachen Aarbechtsconditioune géintiwwer dem Patron ze vertrieden. Hiren Afloss hänkt staark dovunner of, wéi d'Deleguéiert d'Moyenen notzen, déi d'Gesetz virgesäit. A wat um Terrain wierklech geschitt ass schwéier z'evaluéieren. Ee Bäitrag vum Pia Oppel.