arrow_back_ios
Kultur
Fënnef-Stäre-Beweegung a Faschismus
"D'Anti-System-Beweegung Movimento Cinque Stelle kënnt esou no un de Faschismus erun, wéi dat hautdesdaags nëmme méiglech ass." Dat seet den italienesche Comic-Zeechner a Satiriker Alessio Spataro. De gebiertege Sizilianer setzt sech scho méi laang kritesch mat der Fënnef-Stäre-Beweegung vum Beppe Grillo auserneen. 2014 hat hien e Buch erausgi mam Titel "Heil Beppe". De Michel Delage huet sech mam Alessio Spataro ënnerhalen, wéi dee viru Kuerzem hei zu Lëtzebuerg war.