arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Laurent Mertz
Op der Websäit vun der ALEBA leeft e Countdown: Et si keng 7 Woche méi bis den 12. Mäerz. Dat ass den Dag vun de Sozialwahlen hei am Land. Deemno wéi déi am Finanzsecteur ausginn ass et vläicht och den Dag, op deen den Ufank vum Enn vun der Gewerkschaft agelaut gëtt. Fir d'ALEBA geet et ëm d'Wurscht, vläicht suguer ëm d'Existenz. De Maurice Molitor schwätzt mam Laurent Mertz, dem Generalsekretär vum Bankesyndicat, iwwer Wahle mat engem enormen Enjeu.