Kultur
Caroline Andrieux - Directrice vun der Associatioun Quartier Ephémère
D'Gebléishal zu Esch, den Hall Fondouq zu Diddeléng, oder och nach de Silo zu Miersch, sinn nëmmen 3 Beispiller vu verloossenen Industriegebeier hei zu Lëtzebuerg, iwwer déi scho méi laang diskutéiert gëtt, wat domat geschéie soll. Dës Gebeier stinn eidel! Patrimoine industriell, deen lues a lues verkënnt an deemno der Zerstéierung och ëmmer méi no kënnt. Datt esou Gebeier nees Liewen agehaucht ka ginn, an nees eng wichteg Plaz an eiser Gesellschaft kéinten anhuelen, weist d'Aarbecht vun der Associatioun Quartier Ephémère mat hirer Grënnerin Caroline Andrieux um Kapp.