Klassik aktuell
"Madame, mir hun Iech gär !"
Dës Woch sinn et 100 Joer hir, datt d'Grande-Duchesse Charlotte op den Troun geklommen ass (15.01.1919). Wärend dem zweete Weltkrich geet si iwwer e puer Ëmweeër op London an d'Exil, a gëtt fir d'Lëtzebuerger duerch hir Messagen iwwer d'BBC zu engem Symbol fir d'Fräiheet. Déi verschidde Statiounen aus hirem Liewen huet de Gil Mandy an engem Text néiergeschriwwen, deen de fréiere Chef vun der Militärmusek Pierre Nimax 1990 fir d'Aweiung vun hirem Monument vertount, an 1996 fir hiren 100ste Gebuertsdag opgeholl huet.