arrow_back_ios
Aktuelles
Intern Kritike beim MUDAM: politesch Reaktiounen
Déi nei Kritiken un den Aarbechtskonditiounen an u Personal-Entscheedungen am MUDAM suergen dofir, datt de Musée fir zäitgenëssesch Konscht erëm an de Schlagzeilen ass.
Een anonymme Bréif mat Kritiken a Virwërf un d'Adress vun der Direktioun vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean um Kierchbierg war virgëschter ëffentlech ginn.
Éischt politesch Reaktiounen dorop goufen et gëschter, no der Sitzung vun der Chamberkulturkommissioun. De Serge Kesseler informéiert.