De Government Shutdown an den USA ass elo a senger véierter Woch, an et ass keen En a Siicht. D'Positioune bleiwen déi nämmlecht. Den US-President Donald Trump wëllt genuch Suen am Budget vum Kongress, fir eng Mauer kennen tëschent den USA a Mexiko ze bauen. D'Demokraten am Kongress refuséieren dës Demande, an esou ass et dozou komm, datt Honnert Dausenden amerikanesch Staatsbeamten net bezuelt ginn a gesot kruten, si sollen doheem bleiwen. Ganz trist ass et an der amerikanescher Haaptstad. Zu Washington sinn all déi grouss Muséeë wéinst feelende Sue bis op Weideres zou. De radio 100,7 Korrespondent Philip Crowther huet fir dës Reportage Leit getraff, déi vum Shutdown direkt affektéiert sinn.
arrow_back_ios
Aktuelles
Leit, déi vum Shutdown an den USA betraff sinn
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
