arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Ich bin Claudio"
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
An der Rou louch seng Kraaft. De Claudio Abbado war ni een, dee sech an de Mëttelpunkt gestallt huet. Vill Gedäisch, dat war net Senges. An de grousse Concertshaiser ass en opgetrueden, doheem war en allerdéngs op sengem entleeëne Bauerenhaff an der Schwäiz, wäit ewech vum Gewulls. Zu Sils Maria am Engadin gouf hien och bäigesat. Viru fënnef Joer ass e vun deene bedeitendsten Dirigente vum 20. an 21. Joerhonnert gestuerwen.