D'britescht Parlament stëmmt haut iwwer de Brexit Akkord of. D'Premier Ministesch Theresa May huet an de leschten Deeg den Akkord weider vehement verdeedegt. An d'EU Kommissioun huet an engem Bréif probéiert, weider Versécherungen ze ginn, iwwer de sougenannten Backstop un der irescher-nordirescher Grenz - dee Punkt, also, deen am meeschten ëmstridden ass. Op dat duer geet fir d'Deputéiert zu London ze iwwerzeegen ass éischter onwahrscheinlech. An et gesäit weider esou aus, wéi wann den Akkord haut beim Vott wäert ofgeleent ginn. Wat duerno geschitt oder geschéie kéint - doriwwer diskutéiere mir mat eiser Londoner Korrespondentin Elodie Goulesque.
arrow_back_ios
Aktuelles
Brexit: Kruziale Vott
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
