Kultur
"Pfeiffer mit drei F"
5 min
Am Januar 1944, viru 75 Joer also, koum dem Helmut Weiss säi Film "Die Feuerzangenbowle" an de Kinoen zu Berlin eraus. De Film baséiert op dem Heinrich Spoerl sengem Roman mam selwechten Titel, deen 1933 editéiert gouf. D'"Feuerzangenbowle" an deem den Heinz Rühmann d'Roll vum Schrëftsteller Hans Pfeiffer gespillt huet, gehéiert zum däitschen Acteur sengen bekanntste Filmer, an iwwerhaapt huet sech d'"Feuerzangenbowle" zu engem Kultfilm an der däitscher Kinoswelt entwéckelt. E gouf och dës Chrëschtdeeg nees e puer Mol gewisen. D'"Feuerzangenbowle" ass ouni Zweiwel ee lëschtegen a witzege Film, dee sech gutt kucke léisst, mee et dierf een awer net vergiessen, datt et och e Film aus der Zäit vum däitschen Nationalsozialismus ass. Explikatioune Jean Claude Majerus.