Kultur
Tintin, dee bekanntste belsche Reporter
6 min
Den Tintin ass wuel deen eenzege Reporter mat enger weltwäiter Renommee, deen nach ni en Artikel geschriwwen huet an awer bekannt wéi e roude Fuuss gouf. Den 10. Januar 1929, haut virun 90 Joer, haten den Tintin a säi Mupp Milou hiren éischten Optrëtt an der Kannerbäilag Le petit Vingtième vun der ultra-kathoulescher Bréisseler Wochenillustréiert Le vingtième Siècle. Deemools huet den Tintin sech mam Titel "Tintin au pays des Soviets" op de Wee an déi fréier Sowjetunioun gemaach. Mee och nach hautdesdaags gehéiert den Tintin zu de berühmtste Comic-Figuren, an den Tintin huet seng fest Plaz an eiser moderner Kultur. Explikatioune Jean Claude Majerus.