arrow_back_ios
Aktuelles
CLC informéiert Betriber fir d'Sozialwahlen
D'Sozialwahle komme méi no, an am Virfeld vum 12. Mäerz gi sech an de Betriber eng Rei Froe gestallt. Zum Beispill: Vu wéini u muss e Betrib eng Personaldelegatioun stellen? Oder: Mussen an engem Betrib mat méi Gesellschaften och méi Personaldelegatioune gewielt ginn? An: besteet d'Méiglechkeet per Bréifwahl un de Sozialwalen deelzehuelen? Op déi an aner Froe kruten d'Betriber gëschter Mëtteg op enger Informatiounsronn vun der Handelsconfédératioun clc Äntwerten. De Maurice Antony informéiert.