Aktuelles
Zesummenaarbecht an der Groussregioun
D'Saarland iwwerhëlt Enn Januar vu Lëtzebuerg d'Presidence vun der Groussregioun: an dësem europäesche Kooperatiounsraum, zu deem de Grand-Duché a seng Nopeschregiounen gehéieren, liewe knapp 12 Millioune Mënschen.
Seng Recommandatiounen un d'Politik huet de groussregionale Wirtschafts- a Sozialcomité gëschter presentéiert: dat am Virfeld vum nächste Sommet vun der Groussregioun, deen haut an dräi Woche soll sinn. De President vun dësem berodende Gremium Jean-Claude Reding huet gefuerdert, datt d'Ënnerscheeder an der Groussregioun net weider dierfte méi grouss ginn. Detailer vum Serge Kesseler.