arrow_back_ios
Aktuelles
Aktuelles
An den USA ass de Government Shutdown elo an der drëtter Woch Thema Nummer 1. Wéinst dem Budgetssträit gëtt et Stëllstand an engem Véierel vun de staatlechen Institutiounen. Ongeféier 800.000 Staatsbeamte krute gesot si sollen net op d'Aarbecht kommen. De Grond fir dëse Shutdown ass dem amerikanesche President säi Wonsch, fir genuch Budget ze kréien, fir eng Mauer op der Grenz mat Mexiko ze bauen. Eisen USA-Korrespondent Philip Crowhter erkläert eis déi weider Enjeue vun dësem Shutdown.