Kultur
Bourse Bicherfrënn fir d'Elise Schmit
Nom Ian De Toffoli ass dëst Joer de Choix op d'Elise Schmit gefall. D'Schrëftstellerin, d'Literaturkritikerin a Mateditrice vun de Cahiers luxembourgeois kritt d'Méiglechkeet sech zwee Méint laang an der Autoreresidenz Literarisches Colloqium Berlin ganz der Literatur ze widmen. Uschléissend ass dann nach eng Woch zu Buerglënster programméiert. Dës Bourse gëtt zesumme mam Fonds Culturel national, de Lëtzebuerger Bicherfrënn a mat der Ënnerstëtzung vum Nationale Literaturarchiv an dem Kulturministère zanter dräi Joer verginn.
Wéi gesäit d'Aarbecht vum Jury aus, wéi ginn d'Kandidaten ausgewielt a wat sinn d'Konditiounen? D'Valerija Berdi am Gespréich mam Claude Conter, dem Direkter vum Nationale Literaturarchiv a Member vum Jury.